1953

Den 23. August 1953 gëtt zu Schwéidsbengen dat éischt Wäifescht ofgehaal. Bei dëser Geleeënheet gëtt de Wäibur “Fontaine des enfants aux raisins”, entworf vum Kënschtler Di Domenico (Ateliers Orsini vu Paräis), ageweiht. Aus dësem Bur fléisst zënterhier all Joar e gudde Wéngchen, e Rivaner Letscheberg, deen de Gäscht offréiert gëtt.

Éischten Éieregaascht ass den Aussen- a Wäibauminister Joseph Bech. D’Welleschter Musek, d’Harmonie Remerschen, d’Harmonie Municipale Concordia Réimech grad wéi d’Chorale Museldall vu Waasserbëlleg an d’Chorale Ste Cécile vu Schwéidsbengen suerge fir Stëmmung am Duerf. An engem Zelt am Muselwee beim “Grand Gala du Vin” gëtt mat der Dänzerin Stenia Zapalowska an hirer Trupp bis an d’Nuecht era gefeiert. Als Souvenir ginn et Wäiglieser a Konkelen ze keefen. Eng Festbroschür vum Martin Gerges “Inauguration de la fontaine des enfants aux raisins et des anciens pressoirs” kënnt eraus, als éischt vun enger laanger Rei vu Schwéidsbenger Muselpublikatiounen.

Catégories : Années 2010Fêtes