1953

Vun dësem Joar un gëtt d’Wäifescht op dem éischte Sonndeg am September, dem Kiermessonndeg oder der sougenannter “Schwéidsbenger Fléifouer” gefeiert. Den Éieregaascht ass den Emile Colling. Samschdes trëtt d'”Fanfare de Verneuil” (F) op an d’Chorale “Ons Hémecht” vu Péiteng ënnert der Leedung vum Paul Sontag erfreeën d’Leit mat hirem Gesang. D’Danzkënschtlerin Stenia Zapalowska mat 10 vun hire Schülerinnen begeeschteren d’Gäscht mat enger flotter Danzshow. E Glas beim Wäibur kascht 10 Frang.

Categories: 1950erFeschter