1956

De Staatsminister Joseph Bech ass eisen Éieregaascht, an d’Harmonie vu Remerschen ënner der Direktioun vum Emile Schmit suergt nieft der Chorale “Caecilia” vu Walfer ënner dem J.P. Boever fir Stëmmung. Och de Gesangveräin “Ons Heemecht” vu Péiteng trëtt um Wäifescht op. Ausserdeem féiert de Grupp “Uucht – La Veillée” Folklore-Dänz a Lidder op. D’Buch vun den “Publications Mosellanes” heescht dëst Joer “Le vignoble Luxembourgeois”.

Categories: 1950erFeschter