1957

Mam Staatssekretär Paul Wilwertz als Éieregaascht begréisse mir bei Geleeënheet vun dësem 5. Wäifescht d’Chorale “Ons Heemecht” vu Péiteng ënner der Leedung vum Paul Sontag, d’Fanfare vun de Pompjeeën vu Wellesteen ënner dem Jean-Pierre Koster, “La Chanson du vin” mam Chouer an Orchester vum Saarlännesche Rundfunk, d’Fanfare Royale “Moed & Volharding” vun Heist-op-den-Berg, an d’Harmonie “Concordia” vu Réimech. Virgefouert gi klassesch- a Folklore- Dänz mat der “Ecole de Ballet Edg. De Ghistelles” vu Lëtzebuerg. Bei der Kierch gëtt de Stee-Relief “Christus in der Kelter” vum Aurelio Sabbatini opgeriit. Donieft kënnt d’Buch “La route du vin – mosaïque mosellane” eraus.

Categories: 1950erFeschter