1958

De Staatssekretär Henri Cravatte, als Éieregaascht, an de Publikum kréien “La Chanson du vin” mam Chouer an Orchester vum Saarlännesche Rundfunk ënner der Direktioun vum Jos Michels an dem Eug. Thanun virgefouert. De Camillo Felgen (RTL) an den Dr. Heinz Dützmann (Saarbrécken) féieren duerch de Programm. Ausserdem trieden op: d’Harmonie Remerschen ënner der Direktioun vum Emile Schmit, d’Société “La Ronde Joyeuse des Vignerons” Bech-Maacher ënner dem Erny Pütz, d’Fanfare vun de Welleschter Pompjeeën, an d’Chorale “Ons Heemecht” vu Péiteng mam Paul Sontag als Dirigent, an dem Jempy Kemmer um Piano. Donieft gëtt et eng Ausstellung “Le Vin nous invite-vu à travers le monde” mat Affichen, Prospekter a Broschüren iwwer de Wäin, Folklore-Dänz mat der “Ecole de Ballet Jules Mackel” Lëtzebuerg, a Folklore- Dänz a Lidder mat der Grupp “Uucht – La Veillée”. D’Buch “La Moselle, son passé, son avenir” kënnt eraus.

Categories: 1950erFeschter