1962

Um 10. Wäifescht mécht de Gesondheetsminister Dr. Emile Colling de Bur op. D'”Koninklijke Fanfare Moed&
Volharding” vun Heist-op-den-Berg ënner der Direktioun vum Alph. Van Loo gëtt e Concert. D’Chorale “Ons Heemecht” Péiteng ënner dem Dirigent Paul Sontag, um Piano begleet vum Jempy Kemmer, trëtt op. Donieft gëtt “En Owend aus der aler Zäit” (lëtzebuerger Lidder an de Scholdschäin vum Dicks), gespillt vu Réimecher Schoulbouwen ënner der Leedung vum Jean Kieffer a Pol Wagener. E schwéiert Donnerwieder léisst d’Festzelt bal fortfléien. “Mosaïque mosellane” heescht d’Buch vun den Editions Mosellanes dëst Joer.

Categories: 1960erFeschter