1967

Als Éieregaascht um 15. Wäifescht begréisse mir de Wäibauminister J.P.Büchler. D’Pompjeesfanfare vu Welleschten spillt ënner der Direktioun vum J.P. Koster, den “Do-Quartett” Gréiwemaacher gëtt e Vocalconcert, an d’Chorale “Ons Heemecht” Péiteng spillt ënner der Direktioun vum Camille Rodenbour a mam Jempy Kemmer um Piano. Déi nei Hal bei der Musel, déi vun elo un d’Festzelt ersetzt, gëtt duerch de Monseigneur Mangers ageweiht.

Categories: 1960erFeschter