1970

Als Éieregaascht soll de franséische Botschafter Exzellenz Renaud Sivan kommen, hien ass awer verhënnert. Als Vertrieder kënnt de Konsul Langenbach. Dëst Joer ass den éischte grousse Ballonsconcours. Musikalesch trieden den Hary Haagen an de Fernand Fox mat hire Sketcher “Vin-Joie-Santé” op. D’Fanfare Déifferdeng an d’Fanfare vu Welleschten ginn e Concert. De jonke Sänger Roby Diederich mat senger wonnerschéiner Stëmm, an d’Mariette Werckx mat hirer fantastescher Kontorsiounskonscht begeeschteren d’Publikum.

Categories: 1970erFeschter