1977

Éieregaascht um 25. Wäifescht ass de Justizminister Robert Krieps. Et maache mat : d’Chorale “Ons Hémecht” Péiteng, d’Fanfare Greiveldengen ënner der Direktioun vum Nic Henx, d’Chorale “Ste-Cécile” Réimech mat lëtzebuerger Vollekslidder, “Muselowend” mat den “Folksingers”, de “Miseler Däpp” a lëtzebuerger Artisten wéi dem “Staminet mam Pir Kremer, Micky Erpelding an Ali Bintz”. Dat Ganzt gëtt live op RTL Radio Lëtzebuerg iwwerdroen. Fir dëse Jubiläum huet den Aurelio Sabbatini e Motif fir en Faassbuedem entworf, deen de François Salm realiséiert huet. Dat Konschtwierk hänkt beim grousse Kelter. Musikalesch Animatioun duerch den Orchester “The Riverband”.

An dësem Joer geet och de Schwéidsbenger Camping mam Bootshafen op.

Categories: 1970erFeschter