1982

De Gesondheetsminister Emile Krieps huet d’Éier, dat 30. Wäifescht opzemaachen. D’Chorale “Ons Heemecht” vu Péiteng, ënner der Leedung vum Jempy Kemmer, séngt fir eis Gäscht. Donieft hu mir eng Ausstellung “Anno Tubak” a Wäischmaachen um Programm. Am Kader vun “Schwéidsbengen Village Fleuri” huet de François Salm vu Réimech e Faasbuedem geschnëtzt, deen am Agank vum Duerf am Muselwee steet. Vun elo un ass all Joer eng Ausstellung mat engem Kënschtler. Den Ufank mécht de Camille Kiefer.

Categories: 1980erFeschter