1984

Eisen Éieregaascht, de Staatssekretär René Steichen, gëtt vum René Risch begréisst. Den Arbechts- a Budgetsminister Jean-Claude Juncker sengersäits weiht déi nei Hal am Muselwee an (se ass vum Camping an de Muselwee geplënnert ginn). D’Fanfare Welleschten ënner der Direktioun vum M.Schintgen, an d’Stater Harmonie Municipale ginn hiert musikalescht Kënnen zum Beschten. Animéiert gëtt d’Wäifescht duerch eng international Vëloscourse fir Junioren, der “Course de la Fête du Vin”. Donieft gëtt et eng Breakdance Virstellung mam “K5-Corps Würzburg” an eng Ausstellung “De Wéngert no Feierowend” vum Raymond Gloden a Paul Goldschmit. Dat éischt vun enger Serie vu Kristallsglieser mat Motiver aus dem Schwéidsbenger Fräiliichtmusee kënnt eraus.

Categories: 1980erFeschter