1986

Mir begréissen als Éieregaascht de Wäibauminister Marc Fischbach bei der Aweihung vun den Duerfplazen “Albert Ruppert” beim Wäibur an “Erny Wiltzius” beim grousse Kelter. D’Harmonie “Union” vun Elwen ënner der Direktioun vum Werner Eckes ënnerstëtzt dës Feier musikalesch. Den Danzsportclub “Roud-Wäiss-Blo” Lëtzebuerg trëtt op.

Am Duerf gëtt dëst Joer en ale Pëtz, tëschend den Duerfplaazen “Ruppert” a “Wiltzius” nees nei opgeriit.

Categories: 1980erFeschter