1987

Fir dat 35. Wäifescht hu mir de Bauteminister Marcel Schlechter als Éieregaascht. D'”Chorale Hollerich-Gasperich-Walferdange” ënner der Direktioun vum Fern. Jung, mat de Solisten Rica Everling, Laurent Koster an dem Josée Faltz-Wilmes um Piano, bidden de musikalesche Kader. Dem Wenzel Profant seng Konschtwierker sinn am Charel Urbany sengem Keller ausgestallt, an den Danzsportclub “Roud-Wäiss-Blo” Lëtzebuerg trëtt op. Et gëtt eng Tombola, bei där als éischte Präis dem Gewënner säi Kierpergewiicht a Rivaner opgewiië gëtt.

Categories: 1980erFeschter