1988

Eisen Éieregaascht ass den Inneminister Jean Spautz. Nieft der Harmonie “Union Elwen” ënner dem Werner Eckes, an dem John Belli mat “Sänger aus dem Ländchen”, presentéiere mir de Quiz “E Lach an de Bauch” mam René Pütz a Marc Faber. De Gilbert Ruppert vu Schengen gëtt heibäi den 1. “Kinnek op der Musel”. Ausgestallt ginn dëst Joer Konschtwierker vum Astrid Schmit. E Konschtteller vum Christiane Fisch gëtt als Souvenir verkaft.

Ennert der Iddi “Wäin a Kéis” gi fir d’éischte Kéier zwee lëtzebuerger Wäisswäiner a fënnef Kéiszorten zerwéiert.

Neie President vum Schwéidsbenger Wäifescht gëtt de Carlo Braun.

Categories: 1980erFeschter