1989

De Wäibauminister Fernand Boden ass eise Gaascht vun dësem Joer. Hien huet d’Éier déi éischt Auxerrois-Rief am neie Ministeschwéngert ze setzen. Op musikaleschem Plang spillt d’Harmonie “Union Elwen” ënner dem Werner Eckes, an als Animatioun gëtt et e lëschtegt Froëspill “E Lach an de Bauch” mam Marc Faber an René Pütz.

Gewënnerin gëtt d’Gaby Kerschenmeyer vum Sennengerbierg. D’Gaby Braun stellt hier Konschtwierker aus.

Fir 150 Joer Lëtzebuerger Onofhängegkeet schéisse mir en grousst Freedefeier of. Bei dëser Geleeënheet hu mir als Wäin e sëffegen Rulänner mat enger spezieller Etikett ugebueden.

Categories: 1980erFeschter