1990

Den Emweltminister Alex Bodry mécht de Bur op, an de Staatssekretär Georges Wohlfart weiht no de groussen Stroossebauarbechten d’Duerfplaz bei der Kiirch an. Mir hunn dëst Joer d'”Musikgesellschaft Kreuzweiler-Dilmer” ënner der Direktioun vum Guido Beck zu Schwéidsbengen. De Quiz “E Lach an de Bauch” gëtt animéiert vum René Pütz a Marc Faber, de Gewënner a Kinnek op der Musel gëtt den Emile Marchal vum Houwald. Als Kënschtler presentéiere mir de Roger Wohlfart.

En 32-Fudder-Faass aus dem Elsass gëtt bei der Haal opgeriit, wat bis 2012 dem Wieder standgehalen huet.

Categories: 1990erFeschter