1992

Um 40. Wäifescht mécht d’Staatssekretärin Mady Delvaux-Stehres, e Meedchen matt Schwéidsbenger Wuerzelen, de Bur op a planzt hier Rief. D’Fanfare Lëtzebuerg-Clausen spillt e Concert, an d’CD “Erbäi dir Bacchusbréider”, mat Miseler Wäilidder, kënnt fir dëse 40. Gebuertsdag eraus, opgeholl vum Jang Linster. De Mario Vandivinit ass eise Kënschtler fir dest Joer.

De President Carlo Braun ass bei engem Autosaccident ëm d’Liewe komm. Neie President gëtt de Charel Urbany.

Categories: 1990erFeschter