1993

D’Wäibauministesch Marie-Josée Jacobs ass Éieregaascht. D'”76th US Army Band” ënner der Direktioun vum Chief Officer Kenneth D. Allen spillt eis e fantastesche Concert. Samschdes ass e Wäibal mat den “Challengers”. Iwwerdeems Sonndes beim grousse Kelter “Wäin a Kéis” ugesot ass, sinn an der Ausstellung an der aler Schoul Wierker vum Marcel Schumacher ze gesinn. Owes ruffe “The Blue Stars” zum Danz an de John Belly stellt seng Show vir.

D’Post gëtt dëst Joer en Timber mam Schwéidsbenger Wäibur eraus.

Categories: 1990erFeschter