1996

Dëst Joer ass de 15. a 16. Juni déi 4. “Ronde des trois frontières” mat symboleschen “Euroën” zu Schwéidsbengen an Emgéigend. Och d’Schwéidsbenger Wäifescht ass mat engem Stand derbäi, an de Wäi leeft Sonndes aus dem Bur.

Am September kënnt de Wäibauminister Fernand Boden nach eng Kéier als Éieregaascht bei eis op d’Fléifouer. D'”Challengers” animéieren de Bal vu Samschdes, an d'”Blue Stars” fuederen Sonndes Owes zum Danz op. De Kënschtler um Wäifescht ass dëst Joer de Guy Gieres.

Categories: 1990erFeschter