1997

Den Ausseminister Jacques F. Poos mécht de Bur op. De “Reservistenmusikzug Saarland” spillt e Concert, an eise Gäscht gëtt am Duerf eng Ausstellung “Drauwelies vu Gëschter an Haut” presentéiert. Samschdes Owes spillen d'”Challengers” , a Sonndes Owes den Orchester “Blue Stars”. D’Konschtausstellung op dësem 45. Wäifescht ass vum Josée Olinger-Proth. Fir d’éischt zënter dem Bestoe vum Ministeschwéngert kënnt elo och den Erdrag vun dësem Wéngert ënner den Hummer. 20 Annerhallef-Literfläschen Auxerrois, mat den Ënnerschrëfte vun alle Ministeren, déi bis elo eng Rief an de Ministeschwéngert geplanzt hunn, gi Sonndesmëttes an der Hal fir e gudden Zweck versteet.

Dëst Joer ass déi läscht Schwéidsbenger Gehaansnuet ofgehal gin.

Categories: 1990erFeschter