2000

De Wirtschaftsminister Henri Grethen gëtt vum Schäffe René Philippy als Éieregaascht vun dësem Wäifescht begréisst. Den Nomëttes-Concert gëtt virgedroe vun der “US Air Forces in Europe Band” ënner der Direktioun vum Col. Dennis M. Layendecker. Am Duerf suergen d'”Museksfrënn 97″ fir Stëmmung. Samschdes spillt den Orchester “Diesel”, a Sonndes Owes suergt den “Häemelmaous-Orchester” fir Stëmmung. De Kënschtler an eiser Ausstellung ass den Alfred Steinmetzer.

De Martin Gerges, Publizist vun de “Publications Mosellanes” ass gestuerwen.

Categories: 2000erFeschter