2002

De Gesondheetsminister Carlo Wagner ass eisen Éieregaascht. Bei Geleeënheet vum 50. Wäifescht gëtt d’Skulptur “Porteuse de Vin”, vum Kënschtler Toun, am Duerf opgestallt an d'”Place Martin Gerges” gëtt ageweiht. D'”United States Air Forces in Europe Band” weist eis hiert Kënnen bei engem Concert. Den Orchester “Awacs” trëtt Samschdes op.

D'”Gehaansbléiser” leeden de Sonndeg an, Owes rifft d´ “Häemelmaous” zum Danz. D’Wierker vum Norbert Hastert sinn am Augustinshaus ausgestallt. Fir dat 50. Wäifescht kënnt eng Festschrëft eraus: “Schwéidsbengen an d’Musel”.

Mir hun eng Sérigraphie vum Kënschtler Norbert Hastert als “série limitée” fir e gudden Zweck verkaft.

Categories: 2000erFeschter