2005

De Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo ass eisen Éieregaascht. E Merci un d'”Stadtmusik Bitburg”, déi kuerzfristeg aspréngt fir d'”US Air Forces Band” ze ersetzen.

Donieft hu mir d'”Gehaansbléiser”, den “Häemelmaous-Orchester” an och Musek beim Kéisstand. De Kënschtler Guy Hary presentéiert seng Wierker Freides um Vernissage am Augustinshaus. Duerno loossen mir de Miseler Owendbei engem gudde Patt a mat enger Hameschmier ausklëngen.Vun dësem Joer un riichten Handwierker hier Stänn um Kiermessonndeg am Duerf op.

Virum Wäifescht ginn d’Wäimadonna, verschidde Kelteren a Fässer am Duerf renovéiert.

Categories: 2000erFeschter