2010

Als Éieregaascht mécht d’Tourismusministesch Françoise Hetto-Gaasch de Bur op a setzt hier Rief. Freides ass de Vernissage vun der Ausstellung vun de Kënschtler Rol Steimes a Jhang Meis. Sonndes suergen d'”Gehaansbléiser” an den “Häemelmaous Orchester” fir Stëmmung an d'”Harmonie Royale St. Joseph Eupen” gëtt e Concert zum Beschten. Niewend dem Ministeschwëngert si Mosaikbiller vum Raymond Risch ausgestallt.

Categories: 2010erFeschter