2011

De Buergermeeschter François Hemmen begréisst den Éieregaascht, d’Educationsministesch Mady Delvaux-Stehres, déi de Bur opmécht. D'”Original Schwarzwälder Hochwald Musikanten” bidden de musikalesche Kader. Am Duerf spillen d'”Power-Blechbléiser” vu Perlé, an Owes gëtt op d’Musek vum “Häemelmaous-Orchester” gedanzt. D’Edith Burggraff presentéiert hier Konschtwierker am Augustinshaus. Am “Mediterrane Goart” sinn d’Resultater vun der Summerakademie ze bewonneren.

Vun dësem Joer un sti grouss Prabbelie géint d’Sonn an de Reen beim Bur, beim Kéisstand a virun der Hal.
De Charel Urbany huet den Paul Goldschmit als President vum Wäifescht ofgeléist.

Categories: 2010erFeschter