2012

Um 60. Wäifescht gëtt den Éieregaascht, d´Kulturministesch Octavie Modert, vum Raymond Gloden, Conseiller vun der neier Gemeng Schengen begréisst. Si mécht de Bur op a planzt eng Rief an de Ministeschwéngert. De Sonndesconcert gëtt vun der “Harmonie Royale des Sapeurs Pompiers” vun Athus gespillt. D´Kënschtlerin Mariette Moutschen-Schrauben stellt hir Konschtwierker am Augustinshaus aus. Sonndes Owes mécht den “DJ Nilles” Musek fir déi Jonk an engem Zelt am Duerf.

Kuerz virun der Kiermes gëtt dëst Joer déi éischt “Marche Gourmande” vum Schwéidsbenger Wäifescht organiséiert.

Categories: 2010erFeschter