All éischte Sonnden am September, am Kader vun der Schwéidsbenger Kiermes - och "Fléifouer" genannt - leeft Wäin amplaz vu Waasser aus dem Bour genannt "Les enfants du Raisin". Dëse Brauch geet zréck op d'Joer 1953, wou déi nei aménagéiert Kiirchplaz ageweit gouf.