1970er
1977
Éieregaascht um 25. Wäifescht ass de Justizminister Robert Krieps. Et maache mat : d'Chorale "Ons Hémecht" Péiteng, d’Fanfare Greiveldengen ënner der Direktioun vum Nic Henx, d’Chorale "Ste-Cécile" Réimech mat lëtzebuerger Vollekslidder, "Muselowend" mat den "Folksingers", de "Miseler Däpp" a lëtzebuerger Artisten wéi dem "Staminet mam Pir Kremer, Micky Erpelding an Read more…
1970er
1976
De Schäffe René Risch begréisst de Staatssekretär Albert Berchem. Duerno Animatioun an Optrëtt vun de Majoretten vun Talange (F). Owes ass e grousse Bal mam Orchester "The River Band", ënnert dem Motto "La Nuit du Vin". Dëst Joer ass och déi éischt Schwéidsbenger Gehaansnuet, déi vun elo un all Joer Read more…
1970er
1975
Als Éieregaascht gëtt den Inneminister Jos Wohlfart vum Schäffen Aloyse Zenner op der Schwéidsbenger Fléifouer begréisst. Fir déi musikalesch Ennerhalung suergen d'"Miseler Däpp" an d'"Chorale Caecilia Moutfort-Medingen". E Schëmel oder "Schappe Patt" gëtt fir 180 Frang verkat. Am Joer 1975 gëtt och d’Vereenegung "Fête du Vin – Schwéidsbengen" gegrënnt. Den Read more…
1970er
1974
De Schäffen Aloyse Zenner begréisst de Staatssekretär Albert Berchem an de Minister Emile Krieps, uschléissend hale si d’Usprooch. An der Hal trieden "d’Miseler Däpp" - "Dicksiana emol anescht" op, begleet gi si vum Dancy um Piano a vun den Humoristen Pier Kremer a Fernand Fox . Ausserdeem trëtt de "Kunstradsportverein Read more…
1970er
1973
Als Éieregaascht gëtt de Wäibauminister J.P. Büchler vum Schäffen Aloyse Zenner begréisst. De Galaconcert gëtt vun der "Union Chorale Grand-Ducale" aus dem Rollingergronn mat der Ennerstëtzung vun der "Société Chorale Typographia Luxembourg" ënner der Leedung vum J.P. Geisler opgefouert. Beim Wäibur trëtt d'Chorale Mixte Bech-Maacher ënner der Direktioun vum Ernest Read more…
1970er
1972
De Buergermeeschter Albert Ruppert begréisst den Éieregaascht Joseph Bech op eisem 20. Wäifescht. De Staatssekretär Emile Krieps mécht de Wäibur op. De gemëschte Chouer "Ons Hémecht" trëtt fir d'16. Kéier op der Schwéidsbenger Fléifouer op. Samschdes kann een déi 30 Mann staark englesch Grupp "The Rochdale Band" (Finalist "World and Read more…
1970er
1971
De Wäibauminister J.P. Büchler ass Éieregaascht. D'Majoretten an d'Musikanten vun Talange (F) danzen a suerge fir de musikaleschen Deel vum Wäifescht. De Camillo Felgen begeeschtert d'Leit mat senge bekannte Lidder. Eng flott Ausstellung iwwert "Das Weingefäss im Wandel der Zeit" ass an der aler Schoul ze bewonneren.
1970er
1970
Als Éieregaascht soll de franséische Botschafter Exzellenz Renaud Sivan kommen, hien ass awer verhënnert. Als Vertrieder kënnt de Konsul Langenbach. Dëst Joer ass den éischte grousse Ballonsconcours. Musikalesch trieden den Hary Haagen an de Fernand Fox mat hire Sketcher "Vin-Joie-Santé" op. D'Fanfare Déifferdeng an d'Fanfare vu Welleschten ginn e Concert. Read more…